Excursioun « Moulin Rouge – Das Musical »

D’Kulturkommissioun vun der Gemeng Stauséigemeng organiséiert den 4. Juli 2026 eng Dagesrees op Köln, fir do de Musical Moulin Rouge am Musical Dome ze besichen.

Programm

  • Depart zu Béiwen: 08:00 Auer
  • Arrivée zu Köln: 11:00 Auer
  • Fräi Zäit an der Stad
  • Rendez-vous beim Musical Dome: 14:00 Auer
  • Ufank vum Musical: 14:30 Auer
  • Réckfaart: 18:30 Auer
  • Arrivée zu Béiwen: 21:00 Auer

Präis an Transport

  • Ticketpräis: 81,69 € pro Persoun
  • De Bus-Transport gëtt gratis vun der Gemeng zur Verfügung gestallt (Reesbus mat WC).

Umeldung

D’Plaze si limitéiert. Umeldunge kënnen iwwer Telefon (99 35 54 1) oder per E-Mail (population@lac-haute-sure.lu) gemaach ginn.

Dës Excursioun bitt d’Méiglechkeet, de bekannte Musical Moulin Rouge ze erliewen an dobäi e puer Stonnen zu Köln ze verbréngen.

Dernière modification le 04.06.2026

Des articles de la même catégorie

Ass d’Bueden aktuell erlaabt?

Ass d’Bueden aktuell erlaabt?

Hei kënnt Dir déi aktuell Situatioun am A behalen an Iech informéieren, ob d’Bueden de Moment erlaabt ass: https://eau.gouvernement.lu/.../sites-de-baignade.html Vous pouvez suivre la situation actuelle et vous informer sur l’autorisation de baignade:...

lire plus
Aller au contenu principal