Gemengepakt vum Zesummeliewen « Naturpark Uewersauer »

Bäitrëtt als Member vum ‘Pakt vum interkulturellen Zësummeliewen’

Dëst Engagement bréngt en Ëmdenken mat sech, fir vun der Logik vun der Integratioun op eng méi global Iwwerleeung vum Zësummeliewen ze kommen, andeems en all Bierger mat abezitt. En vue vun der aktueller demografescher Entwécklung, wëll dëst Engagement en nohaltegt Zougehéieregkeetsgefill an eng aktiv Participatioun um Liewen an der Regioun fërderen.

D’ Diversitéit vun eiser Gesellschaft soll als Ressource vum Zësummeliewe gesinn a wäertgeschat ginn, mam Zil, d’Grondlage fir en harmonescht a respektvoll Zesummeliewen ze leeën.Fir d’regional Entwécklung ze stäerken, hunn d’Gemenge Stauséigemeng, Wanseler, Bauschelt , Esch-Sauer a Géisdref sech am Kader vun dësem Projet als Gemengen vum Naturpark Uewersauer zesummegedoen.

D’Gemeng Wooltz, déi 2024 de Gemengepakt ënnerschriwwen huet an an der Pilotphase 2021 eng Pionéierroll gespillt huet, huet sech och dem “Comité de Pilotage” ugeschloss. Des Bedeelegung soll eng koordinéiert Approche an der ganzer Regioun sécherstellen.

De Projet gëtt vun der Associatioun Inter-Actions koordinéiert, déi Erfarung an Expertise am Kader vun der Gemeinwesenarbeit (travail social communautaire) an de Projet erabréngt.

Fir sécherzestellen, datt d’Initiative koordinéiert oflafen, gouf de “Comité de Pilotage”  gegrënnt. Dësen besteet aus:

  • engem Gemengevertrieder aus all Gemeng dei de Pakt vum Zësummeliewen ënnerschriwwen hunn.
  • engem Vertrieder aus dem Naturpark Uewersauer
  • d’ Coordinateuren vum Terrain vun Inter-Actions asbl.
  • Vertrieder vum Ministère vum Zësummeliewen, (MIFA- Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’ Accueil)

Fir eng partizipativ Approche ze garantéieren, besteet de Projet aus 4 Phasen :

  1. Konsultatioun (Ëmfro):

D’Bedierfnesser, vun den Awunner aus de fënnef Gemenge ginn détectéiert mat enger Ëmfro déi bei de Bewunner duerchgeféiert gëtt.

  1. Entscheedung:

De Comité de pilotage (COPIL) leet d’järlech Prioritéiten op Basis vun de Resultater vun der Ëmfro fest.

  1. Co-Kreatioun:

Wärend de Biergeratelieren proposéiert dir, d’ Awunner vun eise Gemengen, Projeten, déi mat de gewielten Themen ze dinn hunn.

  1. Ëmsetzung:

D’Coordinatoren schaffe mat Iech zesummen, fir dës Projeten ëmzesetzen.

 

Adhésion au « Pacte du vivre-ensemble interculturel » 

Cet engagement implique de passer d’une logique d’intégration à une approche globale du vivre-ensemble concernant l’ensemble de la population. Face aux évolutions démographiques actuelles, cette démarche vise à promouvoir durablement le sentiment d’appartenance et la participation active de tous. En valorisant la diversité de sa population comme une ressource pour le territoire, la commune entend ainsi créer les bases d’une cohabitation harmonieuse et respectueuse.

Dans une volonté de renforcer la dynamique régionale, les communes du Lac de la Haute-Sûre, Boulaide, Esch-sur-Sûre, Goesdorf, et de Winseler se sont associées au Syndicat du Naturpark Uewersauer dans le cadre de ce projet. La commune de Wiltz, qui a signé le Gemengepakt en 2024 et a été pionnière lors de la phase pilote en 2021, a également rejoint le comité de pilotage. Sa présence vise à garantir une harmonisation des actions pour la région.

La coordination de ce projet est assurée par l’association Inter-Actions, qui met au service du projet son expertise spécifique en travail social communautaire.

Pour assurer le bon déroulement des actions, un Comité de Pilotage a été mis en place. Il est composé :

  • de représentants des communes signataires et de leurs commissions du vivre-ensemble interculturel ;
  • d’une représentante du Syndicat du Naturpark Uewersauer ;
  • des coordinateurs d’Inter-Actions asbl ;
  • de représentants du Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil

Afin de garantir une méthodologie participative, ce projet suit un cycle en quatre étapes :

  1. Consultation (sondage) : nous identifions les besoins, entre autres, via un sondage auprès des habitants des cinq communes.
  2. Décision : le comité de pilotage (COPIL) définit les priorités annuelles sur la base des résultats du sondage.
  3. Co-construction : lors d’ateliers citoyens, vous proposez des projets liés aux thèmes choisis.
  4. Réalisation : les coordinateurs mettent en œuvre ces projets avec vous.

 

 

Contact :

Ensemble Uewersauer

Peggy Nesen et Elias Boujouf

GSM : 621 967 693

Email : ensembleuwersauer@inter-actions.lu

Dernière modification le 20.05.2026

Des articles de la même catégorie

Exercice Militaire 29 juin – 2 juillet 2026

Exercice Militaire 29 juin – 2 juillet 2026

D’Lëtzebuerger Arméi informéiert, dass eng militäresch Aktivitéit vum 29. Juni bis den 2. Juli 2026 um Territoire oder an der Géigend vu verschiddene Gemengen am Grand-Duché, dorënner d’Stauséigemeng, geplangt ass. D’Arméi féiert hir operationell Virbereedung weider,...

lire plus
Tous acteurs d’une société accessible!

Tous acteurs d’une société accessible!

Mir all si Matgestalter vun enger accessibeler Gesellschaft! Maacht mat bei engem vun den Evenementer ronderëm Accessibilitéit an Inklusioun, organiséiert vum Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil, vum Ministère des Affaires...

lire plus
Aller au contenu principal