Kick-off vum transnationale LEADER-Projet «Waasserregiounen Attersee-Öewersauer»

💧🤝 Kick-off vum transnationale LEADER-Projet « Waasserregiounen Attersee-Öewersauer » 🌿
Zu Béiwen gouf de Startschoss fir den neien transnationale LEADER-Projet tëscht dem Naturpark Öewersauer an der Regioun Attersee-Attergau an Éisträich ginn. 🇱🇺🇦🇹
Am Mëttelpunkt vum Projet steet den Austausch ronderëm d’Thema Waasser – mat Konferenzen, Excursiounen an Initiativen, déi d’Bewosstsi fir eis wäertvoll Ressource Waasser stäerken. 💧
D’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen huet dobäi ënnerstrach, wéi wichteg LEADER-Projete sinn, fir ländlech Regiounen dynamesch, attraktiv a vernetzt ze halen. 🌱
👏 Merci un de Naturpark Öewersauer an all d’Partner fir hiert Engagement an dës flott europäesch Zesummenaarbecht am Kader vu LEADER Lëtzebuerg !
📷©Caroline Martin | Naturpark Öewersauer
Dernière modification le 20.05.2026

Des articles de la même catégorie

Ass d’Bueden aktuell erlaabt?

Ass d’Bueden aktuell erlaabt?

Hei kënnt Dir déi aktuell Situatioun am A behalen an Iech informéieren, ob d’Bueden de Moment erlaabt ass: https://eau.gouvernement.lu/.../sites-de-baignade.html Vous pouvez suivre la situation actuelle et vous informer sur l’autorisation de baignade:...

lire plus
Aller au contenu principal